Comptabilitéit a Steierberodung

Ons Servicer

Där sicht e kompetenten an zouverlässege Partner, deen Iech beim Anhalen vun Äre gesetzleche Flichten a Bezuch op Comptabilitéit a Steieren ënnerstëtzt, an deen Iech  zousätzlech relevant Informatiounen fir eng erfollegräich Féierung vun Ärer Entreprise zur Verfügung stellt?

Mat méi wéi 20 Joer Erfarung an enger multidisziplinärer Equipe vu ronn siechzeg qualifizéierte Mataarbechter bitt ewa Iech eng Rei vu villfältegen Déngschtleeschtungen un mat deenen Dir Äre Geschäftsprojet erfollegräich duerchféieren kënnt:

  • Verwaltung an Iwwerwaachung vun der Comptabilitéit vun de Clienten a Fournisseuren
  • Erstellen vun Joresofschlëss, Virbereedung vu Joresversammlungen a Verëffentlechung vun de Konten
  • Erstellen vu periodeschen a järlechen TVA-Erklärungen
  • Erstellen vu Steiererklärungen fir Gesellschaften (Kierperschaftssteier, kommunal Gewerbesteier, Verméigenssteier)
  • Erstellen vun Einkommensteierklärungen fir Privatpersounen
  • Erstellen vun Intrastat-Erklärungen
  • Erstellen vu periodeschen Betriebssituatiounen a Finanzanalysen
  • Fleeg vun de Bezéiungen mat de Verwaltungen/Behörden, Sécherstellung vun der diesbezüglicher Korrespondenz a Beaarbechtung vu Reklamatiounen
  • Berodung an Organisatiounsfroen
  • Gesellschaftsgrënnungen (Erstellen vun Finanzéierungspläng; Virbereedung vun de Grënnungsakten; Virbereedung vun den Dossier zwecks Virlag un de Wirtschaftsministère an d‘Androen bei den eenzelen Behörden)
  • Investment an Restrukturéierung (Finanzanalys a Business Pläng; Virbereedung vun den Akten fir d‘Bank; Demande op Hëllef bei den Ministèren)
  • Steierberodung an Berodung zu den nationalen an internationalen Steiererklärungsverpflichtungen.
  • Schlichtung a rechtlechen a vertraglechen Belangen
Kontaktéiert ons