Onsen Historique

Iwwert ons

Back in the past…

Am Joer 2001 hunn de Charles ENSCH, Yves WALLERS a René ALTMANN, déi als Steier- a Wirtschaftsberoder säit 1975, 1989 bzw. 1970 aktiv waren, decidéiert hir Kompetenzen ze bündelen an ewa ënnert dem Numm “Fiduciaire Ensch, Wallers et Associés SA an d’Liewen ze ruffen.

Kuerz duerno hu si Luxsalaires S.A. (Sozialsekretariat) a FIRELUX S.A. (Domiciliatioun) gegrënnt, fir d’Aktivitéiten vum Grupp ze vervollstännegen.

Nodeems de René ALTMANN am Joer 2004 de Grupp verlooss huet, sinn 2005 den Daniel REDING an 2007 de Marco FIEGER, béid Steier- a Wirtschaftsberoder, dobäikomm.

D’Firma huet de Numm an “EWA Fiduciaire S.A.” geännert nodeems och de Charles ENSCH 2010 seng aktiv Karriär un de Nol gehaangen huet.

 

2021 and beyond…

D’Joer 2021 stellt fir ewa e wichtege Wendepunkt duer.

Mat der Iwwernam vun der zu Dikrech usässeger Fiduciaire Thill am Juni 2021 wëll ewa séng Maartpositioun wieder stäerken an den Effectif vum ganzen Grupp klëmmt op ronn 60 Mataarbechter.

Mamm André STEICHEN, Gilles WALLERS an Andy ZENNER klammen nom Austrieden vum Daniel REDING dräi weider Steier- a Wirtschaftsberoder als nei Partner an d’Geschäftsféierung vun ewa eran.

Zur gläicher Zäit an an Zesummenaarbecht mam Charles BASSING gëtt EWA Consulting S.A. an d’Liewe geruff.

Dëst neit Geschäftsfeld erweidert d’Palette vun der ewa-Grupp mat Berodungs- an Ënnerstëtzungsleeschtungen.

Am Ufank vum Joer 2022 komplettéiert de Sam KRIES, säit 2019 Direkter bei Luxsalaires S.A., d’Team vun de Partner vum Grupp.

Am Laaf vum Joer 2023, verléisst den Andy ZENNER den Aktionnariat vun EWA an de Bob KAILS an de Charles BASSING stoussen zu der Equipe vun der Partner.

Enn 2023 geet den Yves WALLERS a seng wuelverdingten Pensioun a verléisst EWA.

 

Today…

Haut besteet d’ewa-Grupp aus 5 Entreprisen a beschäftegt ronn 60 Mataarbechter, wat eis zur gréisster Steier- a Wirtschaftsberodungsgesellschaft am Norden vum Land mëscht.

Déi ugebueden Déngschtleeschtungen souwéi d’Professionalitéit an d’Erfarung vun de Mataarbechter baséieren op staarke Wäerter wéi Qualitéit, Kompetenz, Dynamik, Teamgeescht, Proximitéit, Respekt a Vertrauen.

 

Fit for future…

Dës Wäerter erméiglechen et ewa déi nächst grouss Projet’en an aller Rou unzegoen; Projet’en wéi beispillsweis de Plang an e multifunktionalen Komplex, deen d’Wirtschaftspositioun vun der zukünfteger Nordstad beräichere wäert, ze plënneren.

 

Mission statement

« Als Nr. 1 am Norde vum Land, mat enger dynamescher, kompetenter a proaktiver Equipe bidden mir qualitativ héichwäerteg Déngschtleeschtungen un, déi et ons erméiglechen, ons Client‘en bei hire Projet‘en an Ambitiounen z’ënnerstëtzen an sou ons Clientèle ze bannen an z‘erweiteren. »